81 Joer no HiroshimaAppell fir Fridden an eng Welt ouni Atomwaffen

RTL Lëtzebuerg
De 6. August sinn et 81 Joer hier, datt déi éischt Atombomm iwwer Hiroshima erofgeheit gouf. Dräi Deeg méi spéit gouf och Nagasaki bombardéiert.

Bis Enn 1945 sinn dobäi ronn 140.000 Mënschen zu Hiroshima a 74.000 zu Nagasaki gestuerwen.

D'Explosioune mat Temperature vu bis zu 7.000 Grad hunn eng riseg Feierkugel, Schockwellen a grouss Bränn ausgeléist.

Vill Iwwerliewend, déi sougenannt Hiba-kusha, si spéider u Kriibs oder anere Suitte vun der Stralung erkrankt a ware laang Zäit Diskriminéierungen ausgesat.

Punkt 8:15 Auer zu Hiroshima – dem exakte Moment vun der Explosioun virun 81 Joer – gouf eng Minutt Rou agehalen. Bei der Zeremonie waren ënner anerem d'Premierministesch Sanae Takai-chi an Delegatioune aus 121 Länner a Regiounen dobäi.

Si huet erkläert, datt d'Leed vun Hiroshima an Nagasaki sech ni méi dierf widderhuelen. Gläichzäiteg huet si awer drop higewisen, datt d'Sécherheetslag weltwäit ëmmer méi ugespaant ass. Si huet net ausgeschloss, datt déi traditionell Atompolitik an Zukunft kéint iwwerpréift ginn.

Vill Famillje vun den Hibakusha, den Iwwerliewende vun den Atombommen, hunn un der Gedenkfeier deelgeholl an dozou opgeruff, d'Erënnerungen un déi jonk Generatioun weiderzeginn.

Enn Mäerz hu ronn 91.000 offiziell unerkannt Iwwerliewender nach gelieft, mat engem Duerchschnëttsalter vun iwwer 86 Joer.

Back to Top
CIM LOGO