
D'Munitioun soll kuerz virdrun aus Frankräich op Leipzig transportéiert gi sinn a fir e weideren Transport bestëmmt gewiescht sinn. D'Infoe baséieren op engem vertrauleche Policerapport.
D'Sprengstoff-Dron war an der Nuecht op e Mëttwoch am Sécherheetsberäich vum Cargo-Terminal vu Mataarbechter entdeckt an duerch Spezialiste vun der Police entschäerft ginn. De Sprengstoff war wuel just wéinst engem defekten Zünder net explodéiert.
De Fluchhafe Leipzig/Halle ass eng wichteg Dréischeif fir militäresch Hëllefsliwwerungen un d'Ukrain an de Berichter no waren deen Ament véier ukrainesch Fligeren an der Géigend. De Fluchverkéier gouf kuerzfristeg ënnerbrach, verschidde Fligere goufen ëmgeleet. Ee vun de Fligeren, dee wéinst der Spär huet missen duerchstarten an a Richtung Hannover geflunn ass, ass bei Leipzig mat engem anere Fluchobjet zesummegerannt, warscheinlech mat enger anerer Dron.
Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt geet vun engem hybriden Zenario aus. Éischten Erkenntnisser no wier d'Aktioun professionell virbereet gewiescht an hätt vill technescht Wëssen an Erfarung am Ëmgang mat Sprengstoff verlaangt.

D'Bundesanwaltschaft mat Sëtz zu Karlsruhe huet d'Ermëttlungen antëscht iwwerholl. Et géif de Verdacht op een Explosiounsversuch an ee "geféierlechen Agrëff an de Loftverkéier" ginn. Wéinst der "besonnescher Bedeitung vum Fall" hätt d'Agence elo d'Ermëttlunge vun der Generalstaatsanwaltschaft Dresden iwwerholl.
"Et ass ee schwéieren Agrëff op d'Transport- a Logistikinfrastruktur an Däitschland", esou d'Bundesanwaltschaft. "Domat ass d'Dot gëeegent, d'Baussecht a Bannescht Sécherheet vun der Bundesrepublik ze beanträchtegen."