UNO deelt matAn Nigeria riskéiert nees eng gréisser Hongersnout auszebriechen

RTL Lëtzebuerg
Nigeria ass dat Land an Afrika, an deem déi meeschte Leit wunnen.
© KOLA SULAIMON/AFP

Am Norde vun Nigeria riskéieren der UNO no méi wéi 17 Millioune Mënschen, vun enger uerger Hongersnout betraff ze sinn. Gewalt a Kierzunge bei der Finanzéierung géife fir eng Onsécherheet bei der Ernierung suergen, déi een déi lescht 10 Joer net kannt hätt.

Nigeria ass dat Land an Afrika, an deem déi meeschte Leit wunnen. Islamistesch Revolten an arméiert Bande si Schold un der aktueller Hongersnout.

Back to Top
CIM LOGO