
Just e puer Stonnen no senger offizieller Vereedegung, huet den neie britesche Premier Andy Burnham seng Regierungsekipp scho bekannt gemaach. Iwwerraschend ass dobäi sécher d'Nominatioun vum fréieren Defenseminister John Healey als neien Finanzminister. Den Healey hat ënnert dem Keir Starmer nach demissionéiert, aus Protest géint deem seng Politik.
D'Inneministesch Shabana Mahmood bleift op hirem Posten, grad ewéi d'Kulturministesch Lisa Nandy. Den Ed Miliband iwwerhëlt den Ausseministère, hie hat virdrun d'Ressorte Klima an Energie. D'Yvette Cooper, bis elo Cheffin am Foreign Office, gëtt Gesondheetsministesch. De fréiere Gesondheetsminister Wes Streeting gëtt neie Verdeedegungsminister. Den Alex Norris iwwerhëlt de Justizministère.
Verschidde Ministere goufen dann och entlooss, a sinn net méi Member vun der neier Regierungsekipp, notamment de Justizminister Lammy oder de Finanzminister Reeves.
De Burnham hätt dann e Méindeg och schonns éischt Telefonsgespréicher mat aneren Staats- a Regierungscheffe gefouert, notamment mam US-President Trump an dem däitsche Kanzler Merz.
De fréiere Biergermeeschter vum Groussraum Manchester gouf e Méindeg vum Kinnek Charles III. als Nofollger vum Keir Starmer un der Regierungsspëtzt ernannt. Bei senger éischter Ried als Premier huet den 53 Joer ale Britt en "10-Jores-Plang" an Aussiicht gestallt, fir Groussbritannien nees opzeriichten. Donieft goufen eng Rei vu sozialpolitesche Moossname versprach.
"Groussbritannien muss der Welt weisen, datt mir eis Stabilitéit zréckgewanne kënnen", sot de siwente brittesche Regierungschef bannent zéng Joer viru sengem Amtssëtz un der Downing Street 10. De Sozialdemokrat huet ënner anerem eng Reform vum Bildungssystem, eng Stäerkung vun der Industrie an de Bau vu Sozialwunnengen annoncéiert. Als Zil huet hien en Enn vun der Obdachlosegkeet am Land ausgeruff.
De Burnham wollt donieft och e Méindeg den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj uruffen. "Ech wäert zu 100 Prozent u senger Säit stoen", sot den neie Premier.
De Burnham iwwerhëlt d'Amt vu sengem Parteikolleeg Starmer, deen op en Neits no schlechte Resultater vun der Labour-Partei bei de Regional- a Kommunalwalen am Mee sou wéi duerch banneparteilech Kritik, déi ëmmer méi gewuess war, säi Récktrëtt als Partei- a Regierungschef erkläert hat.
Aus dem Ausland sinn et schonn eng Rei Gléckwënsch ginn, dorënner den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, deen e fir eng Visitt invitéiert huet. "Grad an dësen Zäite beweist sech eis déif Verbonnenheet", sou de Merz. Och de franséische Staatschef Macron huet dem Burnham gratuléiert an dozou opgeruff, der "Partnerschaft" tëscht Groussbritannien an der EU "neie Schwong" ze ginn. Donieft hunn d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Antonio Costa dem neie Premier gratuléiert.