Bei engem Schëffsongléck virun der Küst vun Nordzypern sinn e Sonndeg op d'mannst sechs Leit ëm d'Liewe komm. Dat huet de Regierungschef vun Nordzypern, den Ünal Üstel, matgedeelt. U Bord vun der Fär waren deemno 26 Leit. 172 vun hinne wieren antëscht vun de Secouristen a Sécherheet bruecht ginn. D'Biergungsaarbechte sinn awer nach amgaangen.
D'Onglécksursaach ass bis ewell nach net genee gewosst. Et geet awer rieds dovun, datt kuerz nom Depart Waasser an d'Passagéierschëff era gelaf wier. Biller vun tierkesche Sender hunn d'Schëff gewisen, dat deels schonn ënnergaange war. D'Schëff war am Norde vun der Insel fort gefuer an hat als Destinatioun en Hafen an der Tierkei.
Zypern ass zanter 1974 gedeelt. D'Tierkei ass deen eenzege Staat, deen déi 1983 ausgeruffen Tierkesch Republik Nordzypern unerkennt. Déi griicheschsproocheg Republik Zypern am südlechen Deel vun der Insel ass zanter 2004 EU-Member.