
Vill Mënschen hate sech e Sonndeg an der Kierch vun Asker net wäit vun Oslo zesummefonnt, fir e Bléck op den neie Kinnek a seng Famill ze kréien. Am ganze Land waren e Sonndeg Trauermasse geplangt, fir dem e Freideg verstuerwene Kinnek Harald V. ze gedenken.
Honnerte Persoune stoungen och schonn e Sonndeg de Moie fréi virun der Kathedral an der Haaptstad Oslo, fir eng Plaz am Trauergottesdéngscht ze kréien, bei deem och d'Regierungsmemberen dobäi waren.
Den Harald V. war zanter 1991 um Troun an huet ënnert den Leit als Verkierperung vun engem Oppenen an tolerante Norweeger gegëllt. En Datum fir seng Bäisetzung ass bis ewell nach net bekannt.
Den neie Kinnek Haakon VIII. hat säi Papp e Samschdeg a senger éischter Ried als e Mënsch gewierdegt, dee "senge Wäerter a senge Flichten ëmmer trei bliwwen" ass. Et géif hien tréischten an him Kraaft ginn, dass esou vill gemeinsam mat him traueren. Virum Palais hunn d'Mënschen Blummen, Käerzen a Messagen néiergeluecht.