
Kapital fir dat sech awer keen Investisseur fënnt.
Bei Varta schaffe méi ewéi 3.200 Leit.
De leschte Bilan ass vun 2024. Do gouf et ënnert dem Stréch eng Perte vu 64 Milliounen.
De Batterieproduzent Varta hat säi Wierk zu Nördlingen an Däitschland schonn Enn Oktober zougemaach. Betraff waren 350 Mataarbechter.
Grond dofir war, datt den US-Technologiekonzern Apple säi Liwwer-Kontrakt mat Varta opgekënnegt huet. Am Wierk goufe bal ausschliisslech Batterië fir Apple AirPods hiergestallt.
No Aussoe vum Varta-Chef Michael Ostermann wier d'Zoumaache vum Wierk ënner dëse Konditiounen net méi ze vermeiden.