An der Strooss vun HormusDen Iran huet eegenen Donnéeën no eng Dron vun der US-Marinn attackéiert

Monica Camposeo
Doriwwer eraus wieren och dräi Pëtrolstanker ugegraff ginn, déi op enger Route ënnerwee waren, déi am Viraus net accordéiert gi wier.
TOPSHOT - Vessels transit the Strait of Hormuz off the coast of the port city of Bandar Abbas in southern Iran on September 5, 2026.
Strooss vun Hormus bleift haart ëmkämpft.
© AFP

Den Iran huet eegenen Donnéeën no an der Strooss vun Hormus eng Dron vun der US-Marinn attackéiert. D'Dron hätt versicht an e geschützte Beräich vun der Waasserstrooss ze kommen, huet et an enger Deklaratioun um iranesche Staatssender Irib geheescht. Doriwwer eraus wieren och dräi Pëtrolstanker ugegraff ginn, déi op enger Route ënnerwee waren, déi am Viraus net accordéiert gi wier, heescht et vun de Revolutiounsgarden.

An anere Gebidder sollen e Samschdeg och schonn dräi US-Schëffer ugegraff gi sinn. Och d'USA haten an de leschten Deeg iranesch Pëtrolstanker ugegraff. Eegenen Informatiounen no, soll een dovunner antëscht ënnergaange sinn. Et wier awer kee Pëtrol u Bord gewiescht, heescht et vun den USA.

Back to Top
CIM LOGO