
Zu Aubervilliers a Frankräich ass e Samschdeg e Kand vun zwee Joer an enger Explosioun wéinst enger Gasfuite gestuerwen a 7 weider Persounen goufe blesséiert. Zwou vun hinne waren an der Nuecht op e Samschdeg nach a Liewensgefor. D'Ongléck ass an engem Pavillon vun der Gemeng geschitt. D'Gemeng huet eng Turnhal zur Verfügung gestallt, fir de betraffene Familljen en Ënnerdaach ze ginn. De Buergermeeschter vun der Stad seet sech schockéiert iwwert dat wat geschitt ass.