Ukrain-KrichNächst Woch soll e konkreete Plang presentéiert ginn, fir Krich ze stoppen

Claude Zeimetz
E Samschdeg war eng amerikanesch Verhandlungsdelegatioun zu Moskau, um Sonndeg geet et weider op Kiew.
Et waren déi éischt Friddensverhandlungen zanter laangem.
Et waren déi éischt Friddensverhandlungen zanter laangem.
© GAVRIIL GRIGOROV/AFP

No hirer Entrevue mam Wladimir Putin e Samschdeg zu Moskau reesen déi amerikanesch Emissäre Steve Witkoff an Jared Kushner, den Eedem vum President Donald Trump um Sonndeg weider op Kiew, fir Gespréicher iwwert e méiglecht Enn vum Krich ze féieren. D'Amerikaner sollen an der ukrainescher Haaptstad vum President Wolodymyr Selenskyj empfaange ginn.

Béid Säiten hate sech am Kader vun de Visitten op eng géigesäiteg Wafferou vun dräi Deeg gëeenegt. D'Wäisst Haus seet, d'nächst Woch géif ee konkret Pläng presentéiert, fir de Krich ze stoppen. Moskau selwer huet vun "immens éierleche" Gespréicher geschwat. D'amerikanesch Representanten hätte sech am Detail op hir Rees virbereet an "eng Partie Iddien" presentéiert. Déi lescht Méint war d'Trump-Administratioun verstäerkt mam Irankrich beschäftegt. Dëst sinn déi éischt Verhandlungen op héijem Niveau zanter laangem.

Back to Top
CIM LOGO