Haut viru 15 JoerDenkmal fir Affer vu Breivik-Terror-Attacken zu Oslo ageweit

RTL mat AFP
15 Joer no den Terrorattacke vum rietsextremen Anders Breivik huet Norwegen zu Oslo mat der Aweiung vun engem neien Denkmal un déi 77 Affer vum 22. Juli 2011 erënnert.
© JAN LANGHAUG/AFP

15 Joer no den Terrorattacke vum rietsextremen Anders Behring Breivik huet Norwegen zu Oslo en Denkmal fir déi 77 Affer ageweit. Bei der Gedenkfeier waren Affer, déi iwwerlieft hunn, sou wéi och Familljememberen, de Krounprënz Haakon an och Vertrieder vun der Regierung dobäi.

De Krounprënz huet am Kader vun der Zeremonie och dat neit Gedenkzentrum besicht, dat un d'Tragedie vum 22. Juli 2011 erënnert.

De Breivik hat 2011 am Regéierungsdistrikt vun Oslo eng Bomm gezünt a sou aacht Mënschen ëmbruecht. Dono huet hien op der Insel Utöya 69 weider Mënschen erschoss.

Déi meescht vun deenen Affer ware jonk Leit, déi beim Summercamp vun der Jugendorganisatioun vun der norwegescher Aarbechterpartei deelgeholl hunn.

De Breivik huet dono seng extrem riets Iwwerzeegungen als Motiv uginn. 2012 gouf hien zu 21 Joer Prisong verurteelt.

The director of the 22 July Center Lena Fahre gives a stone to Crown Prince Haakon of Norway as they and the leader of the National Support Group after 22 July Merete Stamneshagen and AUF leader Gaute Skjervo attend the opening of the national memorial site in remembrance of the victims of the terrorists attack at Johan Nygaardsvolds plass in the government quarter in Oslo, Norway, On July 19, 2026.
De Krounprënz Haakon kritt e Steen fir d'Denkmal iwwerreecht.
© JAN LANGHAUG/AFP

"Den 22. Juli 2011 war net nëmmen e brutalen Ugrëff op eenzel Persounen, mee och op eis Demokratie", esou d'Merete Stamneshagen, déi eng Selbsthëllefgrupp fir d'Affer an Iwwerliewender leet.

Den neie Memorial, en 12 Meter héicht Mosaik, steet am Zentrum vum deemools schwéier beschiedegte Quartier, dee mëttlerweil nees opgebaut gouf. D'Nimm vun alle 77 Affer sinn an dat Monument agravéiert.

Back to Top
CIM LOGO