
Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet eng gréisser Ëmbildung vu senger Regierung ugekënnegt.
'Gesondheetsministesch Nina Warken gëtt nei Cheffin vum Bundeskanzleramt a domat déi éischt Fra op dësem Posten. Hiren Nofollger als Gesondheetsminister gëtt den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann.

Zousätzlech gëtt de Philipp Amthor Staatsminister fir d'Relatioune tëscht dem Bund an de Bundeslänner. De Merz huet ugekënnegt, datt an den nächste Wochen nach weider Personalännerunge kéinten nokommen.
D’ARD huet gemellt, datt de Verkéiersminister Patrick Schnieder kéint ausgewiesselt ginn.
D'Reaktioune si gemëscht ausgefall. Déi Gréng an déi Lénk kritiséieren, datt nëmme Personal ausgetosch gëtt an net d'Politik.
De Koalitiounspartner SPD begréisst dogéint d'Nominatiounen a wënscht den neie Ministeren e gudde Start.