
Den Donald Trump wäert nächsten Dënschdeg den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj empfänken. D'Relatiounen tëscht béide Staatsmänner hu sech an de leschte Méint däitlech verbessert. Den US-President huet den Ukrainer "couragéiert" genannt a sengem Kampf géint Russland. Am Februar 2025 hat den Trump de Selenskyj am Wäissen Haus nach ëffentlech blaméiert.
De Benjamin Netanjahu wëllt en Dënschdeg och den US-President gesinn, wéi säi Büro zu Jerusalem matgedeelt huet. Et wier hier siwente Renconter bannent annerhallwem Joer. D'Frëndschaft tëscht béide Männer huet wärend dem Iran-Krich gelidden. Israel huet déi US-amerikanesch Verhandlunge mat Teheran e puermol skeptesch kommentéiert.
Hannergrond vun den Treffen ass d'Trauerfeier fir de verstuerwenen US-Senater Lindsey Graham, déi och en Dënschdeg geplangt ass. Den Netanjahu wëllt, laut sengem Büro, un där Zeremonie deelhuelen, well de Graham "e Frënd vun Israel" war. Virun ronn zwou Woche war den 71 Joer ale Senater iwwerraschend gestuerwen, nodeems hie vun enger Ukrain-Rees zréckkomm war.
Kiew huet bis elo nach net bestätegt, dass de Selenskyj un der Trauerfeier wäert deelhuelen. Iwwerraschend wier et awer net, well den ukrainesche President de Republikaner nach kuerz viru sengem Doud zu Kiew empfaangen hat. De Graham hat a senger Aussepolitik eng haart Linn géintiwwer Russland an dem Iran vertrueden.