
"Little Boy" ass virun 81 Joer um genee 8:15 Auer iwwer Hiroshima erofgaangen.
Bis Enn 1945 sinn dobäi ronn 140.000 Mënschen zu Hiroshima a 74.000 zu Nagasaki gestuerwen.
D'Explosioune mat Temperature vu bis zu 7.000 Grad hunn eng riseg Feierkugel, Schockwellen a grouss Bränn ausgeléist.
Vill Mënsche sinn direkt duerch d'Hëtzt, d'Feier oder Gebaier, déi an de Koup gefall sinn, ëm d'Liewe komm. Anerer hu schwéier Verletzungen an dauerhaft Schied duerch déi radioaktiv Stralung erlidden.
Vill Iwwerliewend, déi sougenannt Hibakusha, si spéider u Kriibs oder anere Suitte vun der Stralung erkrankt a ware laang Zäit Diskriminéierungen ausgesat. Vill vun hinne setze sech bis haut fir Fridden an d'Ofschafe vun Atomwaffen an. D'Iwwerliewenden-Organisatioun Nihon Hidankyo krut dofir 2024 de Friddensnobelpräis.

De Shinjiro Koizumi huet eng oppen Debatt iwwer eng méiglech nuklear Oprëschtung vu Japan gefuerdert. Wéinst der militärescher Bedroung duerch Nopeschlänner wéi China, Nordkorea a Russland misst een d'Thema "ouni Tabu" diskutéieren, esou de Minister.
Japan ass dat eenzegt Land, dat am Zweete Weltkrich Affer vun Atombomme gouf. Zënter 1967 gëllen dofir déi dräi net-nuklear Prinzippien: Japan besëtzt, produzéiert a stationéiert keng Atomwaffen. Dës Grondsätz gëllen als Symbol vum japanesche Pazifismus.
Experte gesinn zwar militäresch Argumenter fir eng nuklear Ofschreckung, warnen awer virun de politeschen a diplomatesche Konsequenzen.
Kritiker, dorënner Atombommen-Iwwerliewender, hu sech däitlech géint d'Propos ausgeschwat.
Ausserdeem misst Japan am Fall vun enger eegener Atomwaff den Traité iwwer d'Net-Verbreedung vun Atomwaffe verloossen, wat als wéineg realistesch ugesi gëtt.