
Nei Attacken an de Golfstaaten. D'amerikanesch Arméi huet an der Nuecht op e Sonndeg op en neits den Iran ugegraff, dat nodeems Teheran e Schëff an der Strooss vun Hormus viséiert hat.
Bis e Sonndeg de Moie gouf et dowéinst eng Alerte an den alliéierte Golfstaaten. Am Bahrain ware moies d'Sireenen ze héieren, fir den Awunner ze roden, roueg ze bleiwen a sech eng sécher Plaz ze sichen.
Déi Vereenegt Arabesch Emirater waren nees ënner Beschoss. De Verdeedegungsministère vun do mellt, et hätt ee Rakéiten an Dronen aus dem Iran ofgefaangen.
Den Inneministère vu Katar huet matgedeelt, d'Sécherheetslag wier seriö. D'Leit sollten doheem bleiwen a sech vun de Fënstere forthalen. Och Kuwait huet Explosioune gemellt.
Déi iranesch Revolutiounsgard huet antëscht wësse gedoen, dass de Mierespassage vun Hormus "bis op Weideres" gespaart wier. Der iranescher Staatstëlee no hätt Teheran och lo schonn en zweet Schëff attackéiert, wat duerchfuere wollt.