Zu BraunauE Mëttwoch geet d'Police-Statioun am Adolf Hitler sengem Gebuertshaus a Betrib

RTL Lëtzebuerg
D'Gebai gouf zënter 2023 fir ronn 20 Milliounen Euro ëmgebaut a soll elo a Betrib goen.
© KERSTIN JOENSSON/AFP

Am Gebuertshaus vum Adolf Hitler zu Braunau am Inn an Éisträich mécht e Mëttwoch eng nei Policestatioun seng Dieren op. Den éisträicheschen Inneminister Gerhard Karner (ÖVP) wäert beim offizielle Rendez-vous mat dobäi sinn. Éisträich wëll d'Haus elo laangfristeg an de reguläre Verwaltungs- a Sécherheetsbetrib vum Land integréieren.

An d'Gebuertshaus vum Adolf Hitler kënnt eng Policestatioun
Fir Wallfaarte vun Neonazien z'ënnerbannen, zitt d'Police an d'Gebuertshaus vum fréieren Diktator an.

D'Haus, an deem den Hitler no senger Gebuert am Abrëll 1889 nëmmen e puer Méint gelieft huet, ass zënter 2017 am Besëtz vum Staat a gouf zënter 2023 ëmfaassend fir ronn 20 Milliounen Euro ëmgebaut. Eng Kommissioun hat sech virdru mat méiglechen Optioune befaasst, wat ee mam Haus sollt maachen. Ënner anerem stoung och d'Optioun am Raum, d'Gebai einfach komplett ofzerappen.

An der Vergaangenheet hunn ëmmer nees Rietsextremer an Neonazien dem Adolf Hitler säi Gebuertshaus besicht. Hei koum et dann och ëmmer nees zu Tëschefäll.

Back to Top
CIM LOGO