
Éisträich huet sech géint e séiere Bäitrëtt vun der Ukrain an d'Europäesch Unioun ausgeschwat. Et hätt een d'Flich d'Fäegkeet vun der EU, fir nei Länner opzehuelen, ganz genee ze préiwen, esou déi éisträichesch Europaministesch Claudia Bauer, der däitscher Zeitung "Welt am Sonntag" géintiwwer.
All d'Bäitrëttskandidaten, also och d'Ukrain, ënnersträicht d'Politikerin, missten déi nämmlecht Reegelen anhalen a sech de Bäitrëtt duerch Leeschtung verdéngen.