
Däitschland mécht Moskau responsabel fir d'Dron mat Sprengstoff, déi Ufank August um Fluchhafen zu Leipzig fonnt ginn ass. Den däitschen Inneminister Dobrindt an den Ausseminister Wadephul sinn en Dënschdegmëtteg zesumme mat Detailer virun d'Press getrueden.
D'Resultater aus den Ermëttlunge géingen op eng russesch Verantwortung fir déi versichten Attack um Flughafe hiweisen, esou den Alexander Dobrindt. Et géif een dat, wat zu Leipig passéiert ass, och net als eenzelt Evenement, mee am Zesummewierke mat aneren hybriden Aktioune gesinn, sou den däitschen Inneminister, deen dann och dovun ausgeet, dass Däitschland och an d'Zukunft d'Zil vun hybriden Attacken aus Russland wäert ginn.
Den Ausseminister Wadephul huet nei Sanktioune géint Russland annoncéiert. Esou wäert dat russescht Generalkonsulat zu Bonn op den Datum vum 18. September zougemaach ginn. Ausserdeem gëtt de Vertrag vum "Russischen Haus" zu Berlin – engem Zenter fir russesch Kultur, dee vun der russescher Staatsagence Rossotrudnitschestwo geréiert gëtt – auslafe gelooss an d'Kontrolle bei der Arees solle fir russesch Staatsbierger nach eng Kéier verschäerft ginn.
Schliisslech soll och den Drock op déi sougenannte russesch "Schatten-Flott" erhéicht ginn an Däitschland wëll sech och fir weider Sanktioune géint Russland op EU-Niveau asetzen.