
D'Ënnerstëtzung vum binationalen Ofkommes wier "ugeholl", esou de President vun der venezuelanescher Nationalversammlung Jorge Rodríguez en Dënschdeg no enger Ofstëmmung per Handzeechen. D'Ofkommes gëtt och vun der Arméi vum Land ënnerstëtzt.
Den US-President Donald Trump hat e Freideg de "gréisste Pëtrolsdeal an der Weltgeschicht" mam Venezuela annoncéiert, deen den USA d'Kontroll iwwer ronn ee Fënneftel vun de venezuelanesche Pëtrolsreserve séchere soll. Den Trump huet d'Ofkommes "historesch" genannt. Mam Accord kënnen d'USA 17 venezuelanesch Pëtrolsfelder mat engem geschate Fërderpotential vu 65 Milliarde Barrel erschléissen.
"Wiem nëtzt dee ganze Pëtrol ënnert dem Buedem?", sot de Jorge Rodríguez, Brudder vun der Iwwergangspresidentin Delcy Rodríguez. "Deenen, déi wëllen, datt d'Stroumnetz weider ausfält. Deenen, déi wëllen, datt mir d'Spideeler, déi mir baue wëllen a mussen, net baue kënnen. Deenen, déi wëllen, datt mir keng Schoule bauen, an deenen, déi wëllen, datt mir keng wierdeg Léin bezuelen."
Eng Rei Oppositiounspolitiker hu sech der Ofstëmmung am Parlament enthalen an hunn Asiicht an d'Ofkommes gefuerdert. "Mir hunn d'Bedürfnis an d'Pflicht, dat Klenggedrécktent ze kennen", sot den Deputéierte Luis Emilio Rondón. Hien huet gefuerdert, datt d'Parlament Asiicht an de kompletten Text kritt.
Den US-Energieminister Wright sollt am spéiden Dënschdegowend am Venezuela ukommen an den Accord soll e Mëttwoch ënnerschriwwe ginn. Et gëtt erwaart datt den amerikanesche Pëtrolsprodudzent Chevron nach den nämmlechten Dag eng Expansioun vu sengen Aktivitéiten am Venezuela annoncéiere wäert.
De Venezuela huet déi gréisste bekannte Pëtrolsreserve weltwäit. US-Elittezaldoten haten am Januar de lénksnationalistesche President Nicolás Maduro zu Caracas festgeholl a mat an d'USA geholl. Zu New York gëtt him wéint "Drogenterrorismus" de Prozess gemaach. Als Iwwergangspresidentin gouf dem Maduro seng fréier Stellvertriederin Delcy Rodríguez installéiert. si hat nom Trump sengen Äusserungen zu de Pëtrolsreserve vum Land verséchert, Venezuela géif "d'Souveränitéit iwwert seng Ressource behalen."