Milliarden-Offensiv fir Kënschtlech IntelligenzEuropa setzt op “KI-Giga-Fabricken”

Tim Morizet
D'Europäesch Kommissioun huet offiziell en Opruff lancéiert, fir siwe sougenannte “KI-Gigafabricken” an Europa opzebauen.
© Alexandros MICHAILIDIS

Mat deem Projet wëllt d'EU den technologesche Réckstand géintiwwer den USA a China verkierzen an d'Entwécklung vun der nächster Generatioun vu kënschtlecher Intelligenz an Europa beschleunegen.

Fir d'Initiativ solle ronn 10 Milliarden Euro un ëffentleche Gelder bereetstoen. D'Kommissioun hofft dobäi nach op 20 Milliarden Euro u privaten Investissementer, soudatt den Investitiounsvolumen op iwwer 30 Milliarden Euro klamme kéint.

Fuerschung, Gesondheet a Mobilitéit stäerken

An deene Gigafabricke solle modern Datenzentren entstoen, déi mat méi ewéi 100.000 héich performante KI-Chips equipéiert sinn. Do solle Fuerscher, Entreprisen a Start-uppe nei KI-Modeller entwéckelen an trainéieren – ënner anerem an de Beräicher vun der Gesondheet, Industrie, Fuerschung oder och Mobilitéit.

Well sech méi Länner gemellt hunn ewéi erwaart, huet d'EU d'Zuel vun de geplangte Gigafabricke vun initial fënnef op elo siwen erhéijen.

Groussen Interessi vu Frankräich

Zéng Länner hu schonn hiren Interessi gemellt: Däitschland, Italien, Frankräich, Polen, Tschechien, Dänemark, Finnland, Griicheland, Portugal a Spuenien. Dobäi kënne sech individuell Länner, mee och Konsortien aus méi Staaten umellen. Frankräich huet schonn ugekënnegt, eleng an d'Course wëllen ze goen.

Kandidature kënnen nach bis den 12. November agereecht ginn. Déi ausgewielte Projete solle Ufank 2027 bekannt ginn an ongeféier 18 Méint méi spéit a Betrib goen.

Back to Top
CIM LOGO