Departement VarFeier am Gros Bessillon ënner Kontroll

AFP, iwwersat vun RTL
5.000 Leit hu misse wéinst dem Feier evakuéiert ginn.
D'Uertschaft Cotignac am franséischen Departement Var ass besonnesch uerg vun de Bëschbränn am Juli 2026 getraff ginn.
D'Uertschaft Cotignac am franséischen Departement Var ass besonnesch uerg vun de Bëschbränn am Juli 2026 getraff ginn.
© MANON CRUZ/AFP

De Bëschbrand am Massic vum Gros Bessillon, dee virun aacht Deeg ausgebrach ass, an tëschenduerch riskéiert huet, eng Partie Dierfer ze zerstéieren, ass ënner Kontroll. Dat deelt déi zoustänneg Prefektur en Dënschdegowend mat. D'Feier wier awer nach net geläscht an et misst ee weider oppassen, heescht et an engem Schreiwes, an deem d'Prefektur och drun erënnert, dass ronn 5.000 Leit hu misse wéinst dem Feier evakuéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO