Motiv soll Suergerechtssträit sinnNiedersachsen: Sechs Doudeger no Schéisserei a Foyer fir jonk Mammen

RTL Lëtzebuerg
No der Schéisserei an engem Foyer fir jonk Mammen am däitsche Stade, bei där e Méindeg sechs Mënschen ëm d'Liewe komm sinn, ginn d'Ermëttler aktuell vun enger Familljentragedie aus.

Am däitsche Stade, ronn 50 Kilometer vun Hamburg ewech, huet e Méindeg e Mann an engem Foyer fir jonk Mamme sechs Leit erschoss. Véier Persoune waren direkt dout, eng fënneft ass trotz Reanimatiounsmoossnamen duerch Secouristen nach op der Plaz gestuerwen.

Am Nomëtteg huet d'Police matgedeelt, datt och e sechst Affer verscheet ass. Eng net präziséiert Zuel vu weidere Persoune goufen iwwerdeems blesséiert.

Den Haaptverdächtegen ass no der Dot als Bäifuerer an engem Auto geflücht. D'Police konnt awer souwuel hien, wéi och d'Fra hannert dem Steier, no enger Poursuite immobiliséieren a festhuelen.

Wéi spéider op enger Pressekonferenz confirméiert gouf, hunn d'Polizisten op d'Gefier geschoss an et wier och e Pneu geplatzt. Blesséiert wier awer bei dëser Poursuite kee méi ginn, sou d'Autoritéite weider.

Éischt Erkenntnisser vun der Ermëttlung weisen op eng Familljentragedie hin, et soll weder ëm Femizid nach ëm eng politesch Dot goen. De presuméierten Täter ass e 45 Joer alen Däitsche mat tierkeschen Originnen aus dem Raum Hannover, deen d'Attack am Kader vun engem Suergerechtssträit soll gemaach hunn.

Dem Mann säin dräi Méint aalt Meedchen an och d'Mamm vum Kand waren zur Zäit vun de Schëss am Foyer, sinn awer onverletzt bliwwen.

Bei véier vun den Doudesaffer soll et sech ëm Mataarbechterinne vum Foyer handelen. Vun den zwee Männer, déi ëmkomm sinn, huet een extern fir de Foyer geschafft, deen anere fir d'Jugendamt.

Back to Top
CIM LOGO