
D'Cilia Flores hätt e schwéieren Häerzproblem, sou hiren Affekot Mark Donnelly an engem op e Mëttwoch datéierte Geriichtsdokument. Am Prisong am New Yorker Quartier Brooklyn kéint déi 69 Joer al Fra keng adequat medezinesch Behandlung kréien. Si géing dowéinst fuerderen, an en Hausarrest entlooss ze ginn. D'Fra vum entmuechte venezuelanesche President Nicolás Maduro wier och bereet, sech 24 Stonnen den Dag bewaachen ze loossen an eng elektronesch Foussfessel unzedoen.
Op Uerder vum US-President Donald Trump haten US-Zaldoten de lénksnationalistesche President Maduro a seng Fra den 3. Januar an der venezuelanescher Haapstad Caracas festhuele an op New York brénge gelooss. Do soll der Koppel wéinst Drogenhandel de Prozess gemaach ginn. De Maduro a seng Fra weisen d'Virwërf vu sech,