Fréier EU-Kommissärin an italieenesch AusseministeschFeministin Emma Bonino am Alter vun 78 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Emma Bonino ass dout. D'Politikerin a Feministin ass am Alter vun 78 joer gestuerwen, mellt déi vun hir gegrënnt Partei "Più Europa" an de soziale Medien.
Die italienische Feministin und Politikerin Emma Bonino ist tot. Sie starb im Alter von 78 Jahren. Bonino war früher EU-Kommissarin und italienische Außenministerin - ist vor allem aber als Feministin bekannt.
D'Emma Bonino war virun allem Feministin bekannt a war italieenesch Ausseministesch wéi och EU-Kommissärin.
© AFP/Archiv

D'Emma Bonino war fréier EU-Kommissärin an Ausseministesch vun Italien, ass awer virun allem als Feministin bekannt. Si huet fir d'Recht op Scheedung an Ofdreiwung gekämpft a Respekt an der kompletter politescher Landschaft Respekt genoss. "Haut verléiere mir net nëmmen eis Leaderin, mee och eng vun de wäitsiichtegsten, couragéisten a fräiste Perséinlechkeeten an der politescher Geschicht vun eisem Land", esou d'Partei an hirem Facebookpost. Och déi ultrariets italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni huet Wierder un d'Emma Bonino adresséiert: Och wann d'Hannergrënn a Siichtweisen ënnerschiddlech gewiescht wieren, "huet mech dat ni dru gehënnert, hir Bedeitung an hir Roll am ëffentleche Liewe vun eiser Natioun un z'erkennen".

Back to Top
CIM LOGO