Hausse vu 6,7 ProzentZuel vu Faillitten an Däitschland am éischten Hallefjoer op héchstem Niveau zanter 13 Joer

AFP, iwwersat vun RTL
Insgesamt hunn d'Amtsgeriichter vu Januar bis Juni 12.812 Faillitten enregistréiert.
Die Zahl der Firmenpleiten ist im ersten Halbjahr um 6,7 Prozent im Vorjahresvergleich gestiegen - auf den höchsten Wert seit 13 Jahren. Insgesamt registrierten die Amtsgerichte von Januar bis Juni 12.812 Unternehmensinsolvenzen.
D'Zuel vun de Faillitten ass am éischten Hallefjoer 2026 ëm 6,7 Prozent am Verglach mam Joer virdru geklommen.
© Ritzau Scanpix/AFP

Et ass deen héchsten Niveau zanter 13 Joer. Am Ganzen goufe vu Januar bis Juni dëst Joer an Däitschland 12.812 Faillitten enregistréiert. Dat huet d'Statistescht Bundesamt zu Wiesbaden e Freideg matgedeelt. Eleng am Juni wier d'Zuel ëm 15,8 Prozent am Verglach mam Joer virdrun an d'Luucht gaangen, op am Ganzen 2.266. Dat wier souguer den héchste Wäert an engem Mount zanter 14 Joer gewiescht.

Bezunn op 10.000 Firmen gouf et am éischten Hallefjoer am Ganzen 36,2 Faillitten, déi meescht am Beräich Verkéier a Stockage mat 71,6 Fäll op 10.000 Entreprisen. Hannendrun kommen d'Restauratioun mat 59,6 Faillitten an d'Konstruktioun mat 53,4.

Experte gesinn an den Zuelen e Warnsignal un d'Koalitioun. Se missten un hire Reformpläng festhalen. Wichteg fir d'Betriber wier eng reell Verbesserung vun de Konditiounen an de Wirtschaftsstanduerter.

Back to Top
CIM LOGO