
Vum neie Schouljoer u sinn a Frankräich sozial Netzwierker fir Kanner ënner 15 Joer net méi erlaabt. D'Plattforme selwer si fir d'Kontroll zoustänneg an et gi Strofen wann déi dat net maachen.
Kritiker hunn awer gréisser Zweifel, dass Paräis eleng de grousse Bedreiwer do vill Drock ka maachen a fuerdere weider eng Léisung op EU-Niveau.