
De franséische Modelagent Daniel Siad, deen enk Relatiounen zum US-Sexualstroftäter Jeffrey Epstein hat, ass e Méindeg den Owend an der Géigend vu Paräis dout opfonnt ginn. De Parquet vun Nanterre huet e Mëttwoch matgedeelt, et hätt een eng Enquête fir d'Ermëttlung vun der Doudesursaach ageleet, nodeems d'Läich am Said sengem Haus zu Colombes net wäit vun der franséischer Haaptstad entdeckt gouf.
Géint den 69 Joer alen Daniel Said, deen ënner anerem eng Plainte wéinst Vergewaltegung géint sech lafen hat, war zu Paräis schonn eng Enquête wéinst Mënschenhandel amgaangen.