Weider Sanktiounen am EnergiesecteurG7-Regierungscheffe si sech eens, den Drock op Moskau ze erhéijen

RTL mat AFP
Um zweeten Dag vum G7-Sommet zu Evian war den Ukrain-Krich am Mëttelpunkt vun de Gespréicher.
Germany’s Chancellor Friedrich Merz attends a bilateral meeting with Ukraine's President Volodymyr Zelensky during the G7 summit, in Evian, eastern France, on June 16, 2026.
Den däitsche Kanzler Friedrich Merz an de President vun der Ukrain Wolodymyr Selenkskjy
© POOL/AFP

D'Staats- a Regierungscheffe vum G7 si sech eens, den Drock op Russland duerch Sanktioune géint den Handel mat Kuelewaasserstoff - der wichtegster Finanzéierungsquell fir de russesche Krichsasaz an der Ukrain - ze erhéijen. Dat huet eng franséisch diplomatesch Quell en Dënschdeg der Noriichtenagence AFP matgedeelt.

"D'Staats- a Regierungscheffe si sech eens, den Drock op Russland ze erhéijen, virun allem duerch Sanktioune géint Ueleg a Gas", huet déi diplomatesch Quell no der Sëtzung zu der Ukrain um zweeten Dag vum G7-Sommet zu Evian erkläert, un där ënner anerem och den Donald Trump deelgeholl huet.

Si géifen iwwerdeems "d'Dynamik (ze Gonschte vu Kiew, U.v.d.R), ënnerstëtzen, andeem si der Ukrain Mëttel fir d'Loftofwier, Mëttel fir bessere Schutz a Mëttel fir d'Konsolidéierung vun den Errongenschaften zur Verfügung stellen", huet et weider vun der Quell geheescht.

En Dënschdeg de Moie war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um G7-Sommet zu Gaascht.

Trump wëll Sanktioune géint russesch Pëtrolsexporter nees a Kraaft setzen

Den US-President Trump stellt donieft an Aussiicht, Sanktioune géint russesch Pëtrolsexporter nees a Kraaft ze setzen. D'USA wäre geschwënn nees capabel dat ze maachen, esou den Trump um G7-Sommet zu Evian. De Pëtrol géif nees fléissen. Domat huet den US-President warscheinlech op déi neist positiv Entwécklunge mam Iran ugespillt. Op ville Punkte vun den Negociatiounen ass ee sech jo entretemps eens. Dat dierft den Drock vum internationalen Pëtrolsmarché huelen.

Weideren Artikel zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO