DäitschlandGeriicht verbitt Versich, bei deene lieweg Mais unenee gebitzt solle ginn

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Proff an Nordrhein-Westfalen dierf engem Geriichtsurteel no keng Versich u Mais maachen, bei deenen d'Déiere chirurgesch unenee gebitzt ginn.
Eine Professorin in Nordrhein-Westfalen darf einem Gerichtsurteil zufolge keine Versuche an Mäusen durchführen, bei denen die Tiere chirurgisch aneinander genäht werden. Das Verwaltungsgericht Köln bestätigte laut Mitteilung ein Verbot der Versuche.
Bei Parabioversich ginn zwou lieweg Mais tëscht dem Broschtkuerf an den hënneschte Been operativ matenee verbonnen.
© AFP/Archiv

D'Verwaltungsgeriicht Köln huet e Mëttwoch e Verbuet vun de Versich confirméiert an eng Klo vun der Proff vun der Uni Bonn ofgeleent. Déi ëmstridde Manéier géing d'Mais extreem belaaschten a géint d'Déiereschutzgesetz verstoussen.

Bei sougenannte Parabioversich ginn zwou lieweg Mais tëscht dem Broschtkuerf an den hënneschte Been operativ matenee verbonnen, esou datt sech hir Bluttkreesleef verbannen. No aacht Woche ginn d'Déieren nees getrennt a sezéiert. D'Proff wollt d'Entwécklung vun engem Vaccin fir Malaria erfuerschen.

D'Fuerscherin huet d'Versich als nëmme mëttelméisseg belaaschtend fonnt. D'Geriicht huet d'Belaaschtung fir d'Mais awer als extreem ageschat. D'Proff hätt keng Dokumenter virgeluecht, déi dës Belaaschtunge rechtfäerdege géingen, heescht et zu der Begrënnung vum Urteel.

Déi zoustänneg Autoritéit fir Konsumenteschutz an Ernärung hat d'Versich fir d'éischt accordéiert, d'Autorisatioun dann awer nees zréckgeholl, well se géint d'Gesetz verstéisst. Dogéint hat d'Proff geklot. Géint d'Urteelt, dat elo gefall ass, kann d'Proff nach an Appell goen.

Back to Top
CIM LOGO