
Vum 2. Abrëll u wäert et all Dag en Direktfluch tëscht Lëtzebuerg an den USA ginn. Vum Findel aus geet et dann op Newark zu New Jersey, direkt nieft New York. De Fliger wäert moies géint 9 Auer ukommen an erëm géint 10 Auer fortfléien. Bedéngt gëtt d'Linn mat engem Airbus A321XLR, dee knapp 200 Passagéier transportéiere kann.
"D'Decisioun vun United Airlines ass eng gutt Noriicht fir d'Connectivitéit vun eisem Land", freet sech d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes. Si gesäit doran e Beweis, datt Lëtzebuerg en attraktive Standuert ass. Den operativen Direkter vu Luxairport, de Lorenzo Di Loreto, deelt dës Aschätzung. Nieft der staarker Finanz- a Wirtschaftsplaz géif och den neien Airbus A321XLR eng entscheedend Roll spillen. De Fliger wier genee fir méi kleng Mäert wéi Lëtzebuerg wirtschaftlech an operationell interessant.
Begréisst gëtt déi éischt United-Airlines-Linn op de Findel dann och vu Luxair: "United ass ee vun de Founding Members vun der Star Alliance an d'Luxair ass jo och am Miles & More-Programm. Fir eis ass dat dee beschte Partner, dee mer eis kënne virstellen", seet de Generaldirekter Gilles Feith. Luxair wëllt elo Kontakt mat United ophuelen, fir ze kucken, wéi ee kéint hëllefen, Passagéier op déi nei Fluch-Linn ze bréngen.
D'Fluchgesellschaft géif een nämlech net als Konkurrenz gesinn. Luxair hätt den Ament selwer och net déi richteg Fligeren, fir esou eng Streck unzebidden. United bedreift vun Newark aus ee vun hire gréissten Hubs, mat Connectiounsflich queesch duerch d'USA. Datt net den JFK, mee Newark ugeflu gëtt, gesäit de Gilles Feith esouguer als Virdeel, well ee vun do aus séier op Manhattan kënnt an och vill Connectiounsflich méiglech sinn.
Wéi eng Fluchgesellschaft iwwerhaapt op de Findel kënnt, dat decidéiert lux-Airport net eleng, erkläert de Lorenzo Di Loreto: "Mir sinn am permanenten Austausch mat villen Airlines." De Flughafe liwwert de Fluchgesellschafte Maart-Donnéeën an Informatiounen iwwer d'Potenzial vun enger Destinatioun. Op där Basis géif d'Airline hire Businessplang opstellen an decidéieren, ob eng Streck wirtschaftlech Sënn mécht. "Et muss een net mengen, datt de Fliger vun Ufank un zu 100 Prozent ausgelaascht ass", ënnersträicht de Lorenzo Di Loreto nach. Wann d'Linn sech etabléiert hätt, kéinten awer iwwer d'Joer gerechent Dausende Passagéier dovu profitéieren.
"Natierlech wäert dat eis e bëssen Drock maachen", äntwert hien op d'Fro, ob de Findel dat packt. Hie verweist awer op de Masterplang fir den Ausbau vum Flughafen, deen ausgeschafft ass. D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes geet dogéint dovunner aus, datt de Findel fir déi nei Verbindung preparéiert ass. "Hei musse speziell Sécherheetsobligatiounen erfëllt ginn, mee mat den Infrastrukturen, déi mer haut hunn, ass dat kee Problem", seet si. Schonn um Enn vum Joer sollen déi éischt Aarbechte fir den Ausbau vum Terminal ufänken. Dobäi kommen dann och nei Sécherheetsscanner.
Nodeems also Etihad vun Enn Oktober un eng Direktverbindung tëscht Lëtzebuerg an Abu Dhabi ubitt, kënnt elo eng weider grouss Fluchgesellschaft mat enger neier Offer op de Findel. Fir de Lorenzo Di Loreto ass dat d'Bestätegung vun der Strategie, d'Connectivitéit vu Lëtzebuerg weider auszebauen – awer nëmmen an deem Mooss, deen d'Infrastruktur vum Flughafen och géing hierginn.