Luxtrust-Bedruchsfäll"Et bleift näischt aneschtes iwwereg", wéi géint Banken op d'Geriicht ze goen

François Aulner
Déi sougenannt Lux-Trust-Bedruchsfäll hunn d'Aktualitéit de leschte Summer dominéiert.
© Pierre Jans

"Et bleift näischt aneschtes iwwereg", wéi géint Banken op d'Geriicht ze goen, esou den Affekot Marc Theisen am RTL-Interview. Hie vertrëtt e Grupp vu 40 Leit Clientë vu Lëtzebuerger Banken, haaptsächlech der BIL, déi dacks Zommen ëm 6.000 bis 20.000 Euro geklaut kruten. Ufanks Oktober treffe si sech, fir iwwert déi nächst Schrëtt ze beroden.

D'Banke "bleiwe ganz haart op hirer Positioun bestoen, datt si kee Feeler gemaach hunn an, datt si keng Responsabilitéit hunn", esou de Marc Theisen. Trotz méintelaangen Diskussiounen an Efforte vun der Finanzopsiicht CSSF wier eng aussergeriichtlech Léisung vum Dësch.

Eng Sammelklo kéint een net maachen. De Marc Theisen seet selwer, datt d'Fäll alleguer ënnerschiddlech sinn. Et géing een awer och "Musteren" erkennen, déi op eng Matverantwortung vun de Banke kéinten hindeiten. Esou wieren zum Beispill dacks änlech Zommen ofgezu ginn, esou datt dem Affekot no d'Banken mat hiren technesche Moyenen d'Méiglechkeet misste gehat hunn, op d'mannst en Deel vun de Frauden ze verhënneren. Och wann d'Fraudeure ganz raffinéiert waren.

Wat och op eng Verantwortung vun de Banken hindeite kéint, ass, datt d'Frauden nom Summer d'lescht Joer däitlech ofgeholl hätten. Engersäits bestëmmt doduercher, datt d'Leit méi virsiichteg gi wieren, mee anerersäits och, well d'Banken d'Sécherheet verstäerkt hätten. De Marc Theisen huet da kritiséiert, datt d'Banken dacks hire Clienten, déi Affer vu Fraude sinn déi "kal Schëller" gewisen hätten.

Drotzéier a Waasserdréier

D'Zuel un Affer geet wäit iwwert déi 40 eraus, déi hie vertrëtt. Hien hätt vun Dausenden héieren a vun Zommen, déi iwwert 100.000 Euro ginn. Eenzel Affer hätte scho Suen oder en Deel vun de Suen zeréckkritt, mee 99,9% net, esou de Marc Theisen. Wann d'Lëtzebuerger Justiz antëscht e puer Festnamen am Zesummenhang mat der Bedruchssaffär gemellt huet, esou wieren dat dem Affekot no dacks "Waasserdréier".

Vun de Plaintë géint Onbekannt kéinten d'Affer sech dem Marc Theisen no leider net vill erwaarden. Datt déi Haaptfraudeuren domat duerchkommen, dat géing engem wierklech wéidoen. Aus Erfarung wéisst hien, datt, esouguer wann Drotzéier gepëtzt ginn, et nach laang kann daueren, bis d'Affer hir Suen zeréckkréien, wann iwwerhaapt.

Dës Rotschléi a Warnunge kann een net dacks genuch rappeléieren.

Back to Top
CIM LOGO