Déidlech Attack op KontrollerGeriicht zu Zweebrécken huet Lëtzebuerger Resident zu 10 Joer Prisong verurteelt

RTL mat AFP
Fënnef Méint no der déidlecher Attack op e Kontroller an engem Zuch bei Zweebrécken ass en Donneschdeg d'Urteel géint de presuméierten Täter gesprach ginn.
Geriicht zu Zweebrécken huet Lëtzebuerger Resident zu 10 Joer Prisong verurteelt
Fënnef Méint no der déidlecher Attack op e Kontroller an engem Zuch bei Zweebrécken ass en Donneschdeg d'Urteel géint de presuméierten Täter gesprach ginn.

E 26 Joer ale Mann hat e Kontroller an engem däitschen Zuch bei Landstuhl am Februar dëst Joer esou zesummegeschloen, datt dësen zwee Deeg drop u senge Blessure gestuerwen ass. Gehierbluddungen hunn zum Doud vum Mann gefouert. De Verurteelten, e Mann mat griicheschem Pass, huet zu Lëtzebuerg an engem Zëmmer vun engem Haus an der Gemeng Leideleng gewunnt.

De Beschëllegten hat keen Ticket an d'Dot ass ganz vun Iwwerwaachungskamerae gefilmt ginn. D'Attack koum, wéi de Kontroller de Mann dozou brénge wollt, den Zuch ze verloossen. De 26 Joer ale Griich hat him virdrun och keng Carte d'indentité wëlle weisen. No Fauschtschléi géint de Kapp ass d'Affer vu sech zu Buedem gaangen. De Verdächtege gouf kuerz Zäit drop am Zuch festgeholl. De Kontroller gouf an engem éischten Ament reaniméiert, ma ass zwee Deeg drop am Spidol verstuerwen.

D'Geriicht huet de Mann elo zu 10 Joer Prisong verurteelt, de Parquet hat der 12 gefrot. De Mann gouf um Geriicht zu Zweebrécken wéinst Kierperverletzung mat déidleche Suitte schëlleg gesprach. D'Landesgeriicht Zweebrécken huet et als erwisen ugesinn, datt d'Attacke vum Täter zum spéideren Doud gefouert huet.

Beschëllegte gëtt Dot zou

Am Prozess huet den Ugekloten zouginn, datt hien de Kontroller attackéiert huet, huet awer bestridden, datt hien de Mann ëmbrénge wollt. Dowéinst war hien och net wéinst Mord ugeklot ginn, ma just wéinst Kierperverletzung mat Doudesfolleg. Den Ugekloten hätt net erkannt, datt seng Aktioune liewensgeféierlech wieren, well de Kontroller direkt no dem Ugrëff keng visibel Blessuren hat. Och Zeien, déi wärend der Dot do waren, waren an engem éischten Ament net vun enger déidlecher Attack ausgaangen. Och d'Ausso "That will teach him" ("Dat wäert him eng Léier sinn"), déi den Ugekloten no der Dot gemaach huet, war fir d'Geriicht een Indice, datt hien net mam Doud vum Kontroller gerechent hat.

Den Ugekloten huet d'Famill vum Affer ëm Entschëllegung gebieden, wat bei hinnen awer als "net éierlech" eriwwer koum, schreift NTV. Dat 36 Joer aalt Affer war elengerzéiend an hat zwee mannerjäreg Jongen. D'Attack hat bei eisen Noperen eng Debatt iwwert de Manktem u Sécherheet an den Zich ausgeléist.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO