
Ganzer 45,7 Grad waren en Donneschdeg am andaluseschen El Granado am Südweste vum Land an der Provënz Huelva erreecht ginn, sou de spuenesche Wiederdéngscht Aemet e Freideg. Schonn 2016 war andalusesche Montoro genee déi selwecht Temperatur gemooss ginn, déi héchst Temperatur am September zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen.
Fir kleng Deeler vun Andalusien hat Aemet dann och en Donneschdeg déi héchst Hëtzt-Alarmstuf Rout ausgeruff. Et war déi alleréischte Kéier zanter der Aféierung am Joer 2007, dass déi héchst Warnstuf an engem September gëllt. Mat der aktueller Hëtzt huet Spuenien awer dëst Joer schonn e puer Canicullen hannert sech mat Temperature wäit iwwer 40 Grad. Et gouf dausenden Doudeger duerch d'Hëtzt, eng massiv Dréchent, niddereg Peegelstänn an de Flëss a Bëschbränn.
Aemet no war den Zäitraum Januar bis August a Spuenien esou waarm wéi nach ni zanter den Opzeechnungen. D'Duerchschnëttstemperatur wier nach emol däitlech méi waarm gewiescht wéi déi véier bis ewell wäermste Perioden an deem selwechten Zäitraum. Et wier en Zeechen dofir, dass sech d'Erwäermung a Spuenien beschleunegt, sou nach de Wiederdéngscht.