Wärend ZDF-Tournage zu BerlinInterviewpartnerin gëtt viru Kamera vun 19 Joer alem Mann mat Waff menacéiert

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem Tëleestournage vum ZDF am Berliner Quartier Friedrichshain e Mëttwoch koum et zu engem Virfall.
De Logo vum ZDF
© AFP

Wéi et vun der Berliner Police heescht, wier e Mann vun 19 Joer mat enger elektrescher Trottinett bei d'ZDF-Ekipp gefuer, déi grad en Interview mat enger Fra gefouert hat. De Mann hätt als éischt nogefrot, fir wéi ee Sender d'Ekipp schaffe géing. Dunn hätt en d'Waff gezunn an un de Kierper vun der Interviewpartnerin gehalen, ier en nees fortgefuer ass. E Mataarbechter vun der Tëleesekipp hat de Virfall bei der Police gemellt. Blesséiert gouf bei dësem Virfall keen, der Police no war de Mann hinne scho bekannt. Eng Enquête leeft.

Back to Top
CIM LOGO