Iwwer eng Woch no der FlutZwee verschott Aarbechter lieweg aus Tunnel am Nepal gerett

AFP, iwwersat vun RTL
Méi wéi eng Woch no der uerger Flut mat op d'mannst 1.280 Doudege konnten am Nepal zwee Aarbechter, déi an engem Tunnel agespaart waren, gerett ginn.

Zwee Ministere vum Land hunn e Freideg confirméiert, datt déi zwee lieweg gebuerge goufen. Dem Energieminister Biraj Bhakta Shrestla gouf ee Mënsch "lo grad wuel op aus dem Tunnel" vum Waasserkraaftwierk Tishuli 3A gerett. "Mir goufe grad gewuer, datt eng zweet Persoun gerett gouf", huet den Inneminister Sudan Gurung kuerz drop dobäi gesot.

Op Opname vun der Plaz ass ze héieren, wéi d'Secouriste sech gefreet hunn, wéi ee vun de Männer aus dem Bulli gezu gouf an hu vun engem "Wonner" geschwat.

Zwee verschott Aarbechter no iwwer enger Woch lieweg aus Tunnel am Nepal gerett
Méi wéi eng Woch no der uerger Flut mat op d'mannst 1.280 Doudege konnten am Nepal zwee Aarbechter, déi an engem Tunnel agespaart waren, gerett ginn.

No der Flut am Grenzgebitt tëscht Nepal an Tibet am Himalaya war d'Zuel vun den Doudege fir d'lescht op op d'mannst 1.280 geklommen. Am Nepal goufen antëscht 1.259 Läiche gebuergen, wéi d'Katastropheschutzautoritéit zu Kathmandu en Donneschdeg matdeelt. Chineesesche Staatsmedien no goufen 21 Doudeger am Tibet gemellt.

D'Flut d'lescht Woch e Mëttwoch huet ganz Uertschaften tëscht Nepal an Tibet zerstéiert. Op béide Säite vun der Grenz hu Rettungsekippen en Donneschdeg weider no méi wéi 5.600 Vermësste gesicht. Am Nepal goufen den Autoritéiten no 5.083 Leit vermësst, chineesesch Staatsmedien hu méi wéi 541 Vermësster gemellt.

Ursaach vun der Katastroph ass Experten aus China an den USA no e Stéck vun engem Gletscher, deen ofgebrach ass. Doduerch gouf eng Flutwell aus Waasser, Bulli a Gestengs ausgeléist, déi duerch d'Flëss gelaf ass an dobäi op béide Säite vun der Grenz Haiser, Stroossen, Waasserkraaftwierker a Leit matgerappt huet.

Back to Top
CIM LOGO