Déi en Donneschdeg virgestallte Spiller sinn um offiziellen Internetsite vum Wäissen Haus ze fannen an änelen anere bekannte Videospill-Klassiker.
Ee Spill mam Numm "Rio Run" ass beispillsweis eng Uspillung un d'Spill "Snake". Hei beweegt een de virtuelle Grenzschutzchef Tom Homan iwwert d'Spillfeld, fir esou vill Migrante wéi méiglech opzefänken, déi de Rio Grande un der mexikanescher Grenz passéieren.
En anert Spill nennt sech "Build the Wall" – also "Bau d'Mauer" – an erënnert un "Tetris". D'Spiller mussen hei Mauerstécker sou placéieren, dass d'Grenz virun enger "Hord" vu Migrante geschützt gëtt. Domat gëtt op déi ëmstridde Grenzanlag ugespillt, déi bis Enn 2025 komplett soll stoen.
An engem weidere Spill kann een dann dem President hëllefen, Säck mat Suen ze sammelen, dat fir de sougenannten "Trump-Konto" ze fëllen, vun deem US-Bierger, déi tëscht 2025 an 2028 gebuer goufen, profitéiere sollen.
D'Regierung huet d'Spiller begleet mat engem Video op der Plattform X verëffentlecht. D'Logo vum Trump-Slogan "MAGA" ("Make America Great Again") ass hei am Stil vum Videospill-Hiersteller Sega ze gesinn.
Géigeniwwer der AFP huet d'Wäisst Haus betount, d'Regierung géif staark op Innovatioun setzen an d'Geschicht vun de villen Erfolleger vum President op eng Manéier zielen, déi bei alle Bierger ukënnt.
D'Aktioun stéisst op schaarf Kritik vu Mënscherechtsorganisatiounen. D'Spilldesigner hätte komplett de Bezuch zur Mënschlechkeet verluer.