De Michel Liebgott krut en Donneschdeg nees e Bréif, an deem eng verdächteg Substanz dra fonnt gouf, zesumme mat schrëftlechen Doudesmenacen. Hie selwer war deen Ament net op der Gemeng. Et wier awer schonn deen zweete mat enger verdächteger Substanz dran, huet hien am Gespréich mat RTL-Infos erkläert.
Doropshi gouf de Service déminage vun der franséischer Police vun Nanzeg geruff, fir Tester ze maachen. Wärend deene koum et zu enger cheemescher Reaktioun an enger Verpuffung, duerch déi zwee Beamte blesséiert goufen. Een am Gesiicht an een un der Hand. Allebéid koumen an d'Spidol.
Am anonymme Bréif gëtt de Michel Liebgott beschëllegt e Fundamentalist ze sinn, deen de radikalen Islam ënnerstëtzt. Hie selwer seet, hien hätt es sat. Hien huet eng Plainte gemaach, mä well sech weider net aschüchtere loossen a weider maachen.
Franséische Medien no wier et mëttlerweil déi 15. Doudesmenace, déi hien an de leschten 8 Joer krut, wuel allkéiers vum selwechten Ofsender. Deen zweete mat engem verdächtege Pudder.