
Traditionell huet d'Zeremonie en Donneschdeg den Owend zu Zürich mat engem Reen aus Pabeiersfligeren ugefaangen. D'Iwwerreechung vun der Präisser war déi éischte Kéier zanter der Grënnung 1991 net an den USA.
D'Auszeechnungen, déi och als Anti-Nobelpräis bekannt sinn, gi vum humoristesche Wësseschaftsmagazin "Annals of improbable research" (Annale vun der onméiglecher Fuerschung) verginn. D'Organisateuren haten d'Decisioun, d'Iwwerreechung an der Schwäiz z'organiséieren, domat begrënnt, datt si beim aktuelle politesche Klima an den USA Fuerscher net mat guddem Gewëssen dohin invitéiere kéinten.
Den Numm vun de Präisser bezitt sech op déi renomméiert Nobelpräisser an dat englescht Wuer "ignoble", dat mat onwierdeg iwwersat ka ginn. An der Kategorie Biologie huet e Grupp Fuerscher ronderëm de João Miguel Alves-Nunes den Ig-Nobelpräis gewonnen. Den Alves-Nunes war 40.000 Mol 116 verschiddene Schlaangen entgéintgetrueden, fir z'erfuerschen, wéini se bäissen a wéini net. Dobäi hat eng Kéier eng Gëftschlaang de Wësseschaftler duerch säi Schutzstiwwel gebass.
"Wie wier sou domm, säi Fouss virun eng Gëftschlaang ze setzen? Ech", sot den 28 Joer alen Alves-Nunes vun der Universitéit São Paulo, wéi hie säi Präis entgéintgeholl huet. Hien huet annoncéiert, seng Fuerschungsaarbecht op d'Schlaangen aus weidere Länner auszebreeden.
A giele Reejacketten hu véier Wësseschaftler aus China, den USA, Kanada a Saudi-Arabien den Ig-Nobelpräis fir Physik fir hir Beméiungen bei Pissoiren entgéint geholl. Si haten dofir eng eegen Urinéiermaschinn mat enger Düs entwéckelt, déi anatomesch exakt enger mënschlecher "Harnröhre" (Urethra) entsprécht.
"Am Projet geet et dorëm, Sprutzen z'evitéieren", sot de Kaveeshan Thurairajah, Doktorand op der kanadescher Uni Waterloo. Eleng an den USA géingen all Dag ronn eng Millioun Liter Urin aus de Pissoire sprutzen. Doduerch muss net just méi gebotzt ginn, mä och de Risk vun Infektioune mat Bakterie klëmmt.
Den Ig-Nobelpräis an der Buedemwësseschaft hu Fuerscher vun der Uni Zürich kritt. Si hate per Post am Ganzen 2.000 Kalzongen u Fräiwëlleger geschéckt a si gefrot, dës an hire Gäert ze vergruewen. Zwee Méint méi spéit sollte si d'Kleedungsstécker nees ausgruewen, fir datt d'Fuerscher vun hirem Zoustand Réckschlëss op d'Fiichtegkeet vun de Biedem zéie kënnen.
"D'Iddi war, d'Buedemwësseschaft méi siichtbar ze maachen", sot ee vun de Laureaten, deen als riseg Kakerlak verkleet war.