Méiglech Rëss, Struktur beschiedegtHonnerte Boeing 737 Max an den USA mussen ënnert d'Lupp geholl ginn

Pierre Jans
Ob och d'Fligeren, déi an Europa ausgeliwwert goufen, kontrolléiert musse ginn, geet aus dem Artikel vu CNN net ervir.
© AFP

Op Uerder vun der US-amerikanescher Aviatiouns-Administratioun FAA mussen honnerte Boeing 737 Max–Fligeren ënnert d'Lupp geholl ginn. Dat huet den US-Sender CNN e Freideg gemellt. Et kéinte Rëss um Kierper vun de Maschinne ginn, d'Struktur kéint beschiedegt sinn. Schätzungsweis si 471 Boeing-Modeller, déi an den USA registréiert sinn, vun der Direktiv betraff.

Bei e puer Fligeren goufen effektiv Rëss fonnt un enger Verstäerkung ronderëm eng Service-Dir op der rietser Säit vun der Maschinn, esou d‘FAA.

Den US-amerikanesche Produzent Boeing huet annoncéiert, d'Situatioun z'analyséieren an huet ingenieurtechnesch Changementer an Aussiicht gestallt.

Kloer ass och: Déi concernéiert Fligere mussen net um Buedem bleiwen. Si mussen der FAA-Direktiv no vum 10. September u verstäerkt op méiglech Rëss iwwerpréift ginn. Feeler mussen ausgebessert ginn.

Concernéiert sinn och 737-8 Max–Maschinnen. Esou eng hat d'Luxair jo eréischt am Juli ganz nei geliwwert kritt.

Den 18. Juli 2026 ass déi nei Boeing B737-8Max vun der Luxair déi éischte Kéier um Findel gelant.
Den 18. Juli 2026 ass déi nei Boeing B737-8Max vun der Luxair déi éischte Kéier um Findel gelant.
© Raymond Michaux

Ob och Maschinnen, déi an Europa verkaaft a geliwwert goufen, dee Problem eventuell kéinten hunn, respektiv iwwerpréift musse ginn, geet aus dem Artikel vun der CNN net ervir.

Back to Top
CIM LOGO