
Als Reaktioun op den niddregen Waasserpeegel vum Rhäin hunn eng Partie Bundeslänner d'Sonndesverbuet fir Camionen deels opgehuewen. Dozou gehéiert Rheinland-Pflaz, Nordrhein-Westfalen, d'Saarland a Niedersachsen. Mat der spezieller Reegel solle Gidder, déi bal oder guer net iwwert de Rhäin transportéiert kënne ginn, elo per Camion vun A op B kommen. D'Ausnam-Geneemegung gëllt scho vun dësem Weekend un an elo mol bis den 31. August.