
D'USA hunn e Freideg ugekënnegt, datt si eng Hëllef vun enger Milliard Dollar fir d'Wirtschafts- a Sécherheetspolitik vum neie kolumbianesche President Abelardo de la Espriella virgesinn. De Staatschef gëllt als en enke Partner vum US-President Donald Trump.
An engem Communiqué, dee kuerz no der Vereedegung vum neie President verëffentlecht gouf, huet den US-Ausseministère matgedeelt, datt d'USA an Zesummenaarbecht mam Kongress eng Hëllef vun enger Milliard Dollar am Kader vun engem Sécherheetspak preparéieren.
Dës Ënnerstëtzung soll der Regierung vum President de la Espriella hëllefen, gemeinsam definéiert Ziler ëmzesetzen. Besonnesch am Fokus stinn dobäi Sécherheetsfroen an d'Bekämpfung vum Drogenhandel.
Bei senger Vereedegung huet den Abelardo de la Espriella ënnerstrach, datt d'Hierstelle vun Uerdnung a Stabilitéit souwéi de Kampf géint den Narcotrafic zu de Prioritéite vu sengem Mandat gehéieren. D'USA wëllen d'kolumbianesch Regierung dobäi finanziell a strategesch ënnerstëtzen.