
De Pensiounsfong investéiert indirekt a SpaceX. Dem Santés- a Sozialministère no belafe sech d'Investissementer an d'Weltraumfirma vum Elon Musk op gutt 6 Milliounen Euro.
D'Suen investéiert de Fonds de compensation via seng Société d'Investissement à Capital Variable – Fonds d'Investissement Spécialisé, oder kuerz "SICAV-FIS". Gutt 5 Millioune sinn iwwer dräi Welt-Aktien-Ënnerfonge placéiert, zwee passiver an een, deen aktiv gemanaged gëtt.
Eng knapp Millioun gouf an e passiivt Obligatiounskompartiment placéiert.
D'Ressortministesch Martine Deprez vun der CSV gëtt des Informatiounen dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen, deen eng parlamentaresch Fro gestallt hat.
SpaceX ass den 12. Juni un d'Bourse gaangen.