Méi Kriminalitéit, méi Policebeamten a méi Riichter. Dat huet een direkten Impakt op d'Prisongen am Land. Bannent engem Joer ass d'Zuel vu Prisonéier vu 737 op 851 geklommen. Dat sot de Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung e Freideg de Moien als Invité vun der Redaktioun. D'Personal géif an den iwwerfëllte Prisongen u seng Grenze stoussen, gëtt d'Associatioun vun de Giischtercher net midd ze betounen. Ëmmer nees erliewe si Gewalt vun den Detenuen.
Uerschterhaff huet just eng kuerz Entspanung bruecht
Wéi den Uerschterhaff am Dezember 2022 ageweit gouf, gouf opgeotemt. Déi vereelzt Installatioune vu Schraasseg géifen entlaascht, d'Untersuchungsprisonéier kéimen elo an eng modern Struktur. Dräi an en halleft Joer méi spéit sinn déi dräi Lëtzebuerger Prisongen awer schonn nees bal um Limitt.
"D'Reklamm fréier war: Luxembourg, la capitale au cœur de l'Europe. Wann der au cœur de l'Europe läit, dat heescht, dass ganz vill Weeër duerch Lëtzebuerg ginn, fir vun A no B an Europa ze kommen. An do bezuele mir e gewëssene Präis. Mir hu ganz vill Detenuen, déi am Fong mat Lëtzebuerg iwwerhaapt keng Relatioun hunn. Mee als Drogekuréier oder soss iergendwellech kriminell Machenschaften hei zu Lëtzebuerg just erwëscht gi sinn, well se derduerch gefuer sinn. An da gi se hei arrêtéiert, da komme se bei eis an der Prisong", sou de Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung.

Ze vill Gefaangener mat ze vill verschiddene Profiller op ze enkem Raum
D'Reforme vun 2018, wou op pedagogesch a sozial Mëttel opgebaut gëtt, fir d'Prisonéier bescht méiglech op d'Liewe vun duerno ze preparéieren, ass a Gefor, sou d'Giischtercher. De Samir Djennas, President vun der Associatioun vun de Giischtercher AAP: "Haaptuleies ass, wat méi Leit, wat mer besser kënnen encadréieren. Dat läit op der Hand. Dat ass an eisen Aufgaben. Dat maache mer och gären. Mee déi Zäit ass net méi ginn, well mer wierklech um absolutte Minimum schaffen. Dat heescht, mir wëllen eigentlech net zréckgoen, an trotzdeem schaffe mer erëm sou wéi fréier momentan. Et geet einfach just nëmmen Dier op, Dier zou, op de Rendez-vous, Dier op, Dier zou. An dat ass fir kee vu Virdeel."
Méi Personal
D'Fuerderung vun der Associatioun vun de Giischtercher ass kloer, an och net nei. Méi Personal an Zäiten, an deen net just d'Zuel u Prisonéier zouhëlt, ma och d'Gesellschaft mat sech bréngt, datt generell de Respekt virun der Uniform verluer geet.
"Vue, dass de Prison d’Komplexitéit vun der Gesellschaft duerstellt, déi selwecht ass, an nach renforcéiert ass duerch de Fait vun der Incarceratioun, a well eis Leit awer e bëssen e spezielle Profil un eis Detenuen. Ass et e bëssen eng onzougänglech an onzouräichend Verkierzung, fir ze soen, just méi Leit kënnen de Problem léisen. De Problem ass multifaktoriell, a grad esou multifaktoriell mussen d'Léisunge sinn. Sécherlech brauche mer méi Leit, mee et ass net eng direkt Relatioun. Et ass keng proportionell Relatioun tëscht méi Detenuen a méi Leit", sou d’Reaktioun vum Serge Legil op d’Fuerderung no méi Personal.
Fir datt d'Beamte sech am Fall, wou eng Situatioun ausaart, wiere kënnen, huet de Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung e Freideg de Moien, den Asaz vu Peffergel an Aussicht gestallt, deen den Ament am Schaf läit.
"Dat ass keng Léisung. Méi Personal ass och keng Léisung. Ech mengen, en Teller kann een ëmmer op de Kapp kréien, fir elo de rezente Virfall ze huelen. De Peffergel ass net e Wonnermëttel géint alles. Et ass grad esou wéineg, wéi en Taser e Wonnermëttel fir alles ass. Knëppele souwisou sinn och net e Wonnermëttel fir alles. Mee et ass wéi bei verschiddenen aneren, wann Der matkritt, d'Arméi, déi stockt op mat Material. De CGDIS, deen huet en Hangar voll am Material stoen, vu bis. All Dag an der Hoffnung, dass se näischt dovunner brauchen. Voilà, mir hoffen och all Dag, dass mer da kee Peffergel brauchen", sou de Samir Djennas, deen nees zeréck bei d'Prisongsreform vun 2018 kënnt.
Wou de Giischtje jo net méi just de Schliesser soll sinn, dee mam Klëppel dorëmmer leeft. De President vun der Associatioun vun de Giischtercher fuerdert, datt dee mat der Reform verbonnene Personalschlëssel op de Leescht geholl gëtt, fir datt net wéi haut bei all Krankheetsfall direkt e Kolleeg aus dem fräien Dag zeréck geruff muss ginn.