Fir d'70.Kéier gëtt d'Wäin- a Wënzerfest "Picadilly" dëse Weekend op der Musel organiséiert. Déi éischt Jore goung d'Fest, bei deem et drëm geet, d'Wäiner dem Publik ze presentéieren, an der Kellerei vu Briedemes iwwert d'Bün.
Zanter 55 Joer dréit d'Fest elo de Numm "Picadilly", genee wéi de séisse Wäin, deen extra fir déi dräi Deeg um zweete Weekend vum August hiergestallt gëtt, a wou déi genee Recette bis haut e Geheimnis bleift.
De Syndicat d'Initiative vu Briedemes ass responsabel fir d'Organisatioun. D'Veräiner aus dem Duerf hëllefen awer och mat, fir si ass dëst eng gutt Méiglechkeet, d'Finanze vun der Club-Kees ze verbesseren.
Eng weider Traditioun bei dësem Wäin- a Wënzerfest ass den Optrëtt vun der Escher Stadmusek. Ëmmer Sonndes am Nomëtteg triede si op, dëst Joer scho fir déi 65. Kéier.
Nei, par contre, ass bei dëser Editioun eng kommentéiert Wäiprouf – 14 Wäiner ginn am ganze getest. Kommentéiert gëtt des Prouf vum Josy Gloden vun der Vinsmoselle an dem Lisa Vesque vum Domaine Cep d'Or.
E Sonndeg um 13 Auer gëtt d'Wäiprouf organiséiert.
Fir op Briedemes ze kommen ass et am beschten, op d'Busnavetten zréck ze gräifen. Aus dem ganze Land komme si bis op d'Musel erofgefuer.
Méi Informatioune fënnt een um Internetsite vum Festival.