E Bëschbrand, dee sech extrem séier ausbreet, huet honnerte Leit gezwongen, hir Haiser ze verloossen. Wéi d'Autoritéiten am Departement Var en Dënschdeg den Owend matgedeelt hunn, ware bal dausend Pompjeeën am Kampf géint d'Flamen am Asaz. Dobäi kommen nach aacht Läschfligeren, déi beim Läsche gehollef hunn.
D'Flamen hu sech Informatiounen no mat grousser Vitess duerch Bëscher an der Géigend vu Cotignac ausgebreet. Bannent e puer Stonne ware scho ronn 1.700 Hektar Land verbrannt. Ronn 400 Leit hu musse séier hir Haiser verloossen, fir net Affer vun de Flamen ze ginn.
"D'Feier beweegt sech mat héijer Vitess de Bierg Gros Bessillon erof, eng Vitess, déi esou net previsibel war", sou de Chef vu der Verwaltung zu Var, de Simon Babre. Dräi Uertschafte wiere vun de Flame menacéiert, dorënner Cotignac.
A Frankräich war et jo an de leschte Wochen zu enger Partie Groussbränn komm. En Dënschdeg huet d'Land en traurege Rekord u Verbrannte Surfacë fir dëst Joer gemellt. Iwwer 42.000 Hektar Land sinn tëscht Januar a Mëtt Juli de Flamen zum Affer gefall. Domadder gouf den Héchstwäert vun 2022 iwwertraff.