
Virum Hannergrond vum Iran-Krich an der Blockad vun der Strooss vun Hormus spëtzt sech och d'Situatioun tëscht Saudi-Arabien an der pro-iranescher Huthi-Miliz weider zou. Nodeems déi vu Saudi-Arabien ugefouert Koalitioun Loftattacken op Stellunge vun den Huthi-Rebellen am Jemen lancéiert hat, wier et e Samschdeg de Moien zu enger Géigenattack komm. D'Huthi-Miliz schwätzt vun engem "jemenittesche Rakéitenugrëff", duerch deen an der Stad Dschisan um Roude Mier am Süde vu Saudi-Arabien e Brand ausgeléist gi wier.
Saudi-Arabien huet déi Attacken nach net offiziell confirméiert. D'Autoritéiten haten d'Awunner vun Dschisan a Janbu e Samschdeg de Moie fréi awer viru "méigleche Gefore" gewarnt. Änlech Warnunge ware schonn an der Vergaangenheet erausgi ginn, wa Rakéiten oder Dronen op Saudi-Arabien ofgeschoss goufen.
Saudi-arabesch Medien hate gemellt, datt d'Koalitioun "militäresch Stellunge vun den Huthien" ugegraff an Ziler zerstéiert hätt, déi eng Menace fir d'Handelsschëfffaart duerstellen. D'Militärallianz huet méi spéit erkläert, d'Attacken hätten Huthi-Positioune gegollt, déi d'Schëfffaart am Roude Mier menacéiert hätten. D'Huthi-Miliz hu Saudi-Arabien doropshin eng "geféierlech Eskalatioun" virgeworf a gewarnt, datt dëst Virgoen "net ouni Äntwert" géif bleiwen.
Déi vum Iran ënnerstëtzt Huthi-Miliz hat eréischt virun e puer Deeg eng Blockad géint Schëffer aus dem Kinnekräich ordonéiert an Handelsschëffer an d'Viséier geholl. Nodeems d'Strooss vun Hormus gespaart gouf, huet Saudi-Arabien seng Pëtrolsexporter iwwer de Passage Bab-al-Mandab ëmgeleet. Duerch d'Blockad an d'Attacke vun der Huthi-Miliz gëtt eng weider Eskalatioun an der Regioun gefaart.