Bei hirem Protest géint Mëssstänn am Bildungssystem an Indien hunn Unhänger vun der sougenannter Kakerlake-Partei (CJP) den Drock op d'Regierung vum Ministerpresident Narendra Modi erhéicht. D'Demonstranten, déi e Récktrëtt vum Bildungsminister Dharmendra Pradhan fuerderen, hu sech e Mëttwoch geweigert, eng Plaz am Zentrum vun der indescher Haaptstad Nei Delhi ze verloossen. Korrespondente vun der Noriichtenagence AFP no ass de Grupp vun Demonstranten am Laf vum Dag op e puer dausend Mënsche gewuess.
D'Ënnerstëtzung fir d'CJP huet sech och op aner Regiounen ausgebreet. Zu Mumbai, Bengaluru a Goa gouf et och Protester. Den Oppositiounsféierer Raul Gandhi, dee bei Protester géint Mëssstänn am Bildungssystem festgeholl gi war, ass mëttlerweil nees op fräiem Fouss.
"Mir wäerte (d'Plaz) Jantar Mantar net verloossen, bis den Dharmendra Pradhan demissionéiert", sot de CJP-Spriecher Ashutosh Ranka virun euphoriséierten Unhänger. Ënnert den Demonstrante si vill Studenten. Si hunn en Dënschdeg e grousse Réckhalt an Ënnerstëtzung vun den Oppositiounsparteie krut.
Den Oppositiounsféierer Gandhi huet vun der Regierung eng Entschëllegung fir dat haart Virgoe vun der Police géint zéngdausenden Demonstranten e Méindeg gefuerdert. Do war et zu Nei Delhi zu uergen Zesummestéiss tëscht der Police an Demonstrante komm, woubäi eng Dose Mënsche blesséiert goufen. Mënscherechtsgruppen hunn der Police virgeheit, iwwerméisseg Gewalt ugewannt ze hunn.
De Gandhi hat en Dënschdeg fir d'éischt eng Marche vun Deputéierte bis bei d'Residenz vum Modi ugefouert. Do war et dann zu enger Sëtzblockad komm, bei där d'Demonstrante "Fort mam Modi!" a "Mir wëlle Gerechtegkeet" geruff hunn. Méi spéit hunn AFP-Reporter gesinn, wéi de Gandhi an aner Participanten an engem Bus fortbruecht goufen. Méi spéit gouf en dann nees fräigelooss an e Mëttwoch war en nees am Parlament.
Ugefaangen haten d'Protester wéinst Mëssstänn am Bildungssystem. Méi wéi zwou Millioune Medezinsstudenten hu missen eng Prüfung widderhuelen, well d'Aufgabe virum ursprénglechen Datum bekannt gi waren. Dozou ware Probleemer beim Online-Bewäertungssystem komm, dat genee sou vill Schülerinnen a Schüler betraff huet.
Gréissten Undreiwer vun der Protestbeweegung ass zanterhier d'Kakerlake-Partei CJP, déi antëscht op de soziale Medie schonn iwwer zwou Millioune Follower huet. Den Numm geet op e Kommentar vum Ieweschte Riichter Surya Kant zréck, dee jonk Regierungskritiker wärend enger Unhéierung als "Kakerlaken" a "Parasitte" bezeechent hat.
Den Educatiounsminister Pradhan hat en Dënschdeg Verännerungen an Aussiicht gestallt. D'Regierung wier de Mënsche "Reformen a Recheschaft schëlleg", huet hien online geschriwwen. "Genee dat wëll eis Reigerung och weiderhi liwweren."