
Am Süde vu China sinn iwwer 340.000 Leit aus hire Wunnengen evakuéiert ginn, well den Taifun "Noul" op d'Küst zousteiert. Nieft de Massenevakuatiounen ass och d'Aarbecht a ville Beräicher deelweis ënnerbrach ginn, grad wéi lokal Zuchverbindungen.
Am Finanzzentrum Hong Kong goufen iwwerdeems Flich gestrach an an de betraffene Provënze bleiwe vill Schoulen zou.
Chineesesch Wiederdéngschter hunn e Samschdegowend eng Alerte rouge ausgeruff – déi héchst vun de véier Stufen. De System gëtt normalerweis nëmmen a Kraaft gesat, wann e besonnesch geféierleche Stuerm erwaart gëtt.
De Stuerm gëtt e Sonndeg de Moien tëscht Shenzhen a Haifeng an der Provënz Guangdong erwaart. Den nationale meteorologesche Service rechent mat staarke Reefäll, dat net nëmmen a Guangdong, mee och an den Nopeschprovënzen Hunan, Fujian an Jiangxi.
Et rechent een domat, dass Wandspëtzte bis zu 173 Kilometer an der Stonn kënnen erreechen.