
Nodeems eng gemeinsam Feier, fir eng nei Grenzbréck tëscht Kanada an den USA anzeweien, ofgesot gi war, huet déi kanadesch Regierung d'Bréck eleng ageweit. D'Bréck wier e Beweis dofir, dass een eppes erreeche kann, wann een zesumme schafft, sou de kanadesche Minister fir Bau an Infrastruktur Gregor Robertson op der Zeremonie. E Méindeg soll d'Bréck a Betrib geholl ginn.
Grond fir d'Ofso sinn déi neisten Taxen, déi d'US-Regierung géint Kanada bestëmmt huet. Doduerch géingen hir Relatiounen op eng haart Prouf gestallt ginn, sou de Ministerpresident vun Ontario Doug Ford. Hie wéilt awer weider mat den USA zesummeschaffen. D'Kanadier hate vu sech aus d'Zeremonie ofgeblosen. Den US-President Donald Trump hat doropshin op de Soziale Medie reagéiert:
Déi 4,7 Milliarden Dollar deier Bréck tëscht Windsor an der kanadescher Provënz Ontatrio an Detroit am US-Bundesstaat Michigan ass nom verstuerwene kanadeschen Äishockeyspiller Gordie Howe benannt, dee jorelaang fir d'Detroit Red Wings gespillt hat.