NepalNationalen Trauerdag fir Gedenken un Affer vu Flutkatastroph

AFP, iwwersat vun RTL
Am Nepal ass e Méindeg mat engem nationalen Trauerdag den Affer vun der uerger Flut viru knapp zwou Woche geduecht ginn.
In Nepal ist heute mit einem nationalen Trauertag der Opfer der verheerenden Sturzflut vor knapp zwei Wochen gedacht worden. Bei der Katastrophe waren aktuellen Zählungen zufolge fast 1400 Menschen ums Leben gekommen.
Am Hinduismus dauert d'Trauerzäit nom Doud vun engem Familljemember 13 Deeg laang.
© AFP

D'Fändele waren op Hallefmast a méi spéit sollt et och Veilléeë ginn, mat deenen am Hinduismus déi 13 Deeg laang Trauerzäit nom Doud vun engem Familljemember op en Enn geet. Bei der Flutkatastroph, déi warscheinlech doduerch ausgeléist gouf, datt e Stéck vun engem Gletscher ofgebrach war, waren am nepaleesesch-tibeetesche Grenzgebitt aktuellen Zuelen no bal 1.400 Leit ëm d'Liewe komm. Méi wéi 5.000 Leit ginn ëmmer nach vermësst, dorënner honnerten Auslänner.

E Spriecher vun der Arméi sot der AFP e Méindeg, datt d'Sich- a Rettungsaarbechte "mat der selwechter Vitess" weider géinge goe "wéi um éischten Dag". Ënnert de Vermësste sinn och vill Mataarbechter vu Waasserkraaftwierker, déi an Tunnelle verschott sinn. Nodeems de Weekend dräi vun hinne lieweg gebuerge konnte ginn, ass nei Hoffnung opkomm, weider Iwwerliewender ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO